Ubidder

Déngschtleeschter fir deng Hochzäit

Fann vertrauenswierdeg Hochzäitsdéngschtleeschter zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun.

All Kategorien entdecken

Recommandéiert Déngschtleeschter

Premium

Fotobox

Instabox.lu

5.0 / 5 (64)

Bascharage, Luxembourg

instabox.lu – D'Premium-Fotobox mat Gaaschtgeber fir Är Hochzäit Är Hochzäit, dat sinn d'Laache vun Äre Gäscht, d'Grousselteren, déi matmaachen, an d'Frënn, déi vu wäit hierkomm sinn, zesummen op enger Foto. Mir halen dës Momenter fest, an all Gaascht hëlt eng Erënnerung mat heem. E Gaaschtgeber, de ganzen Owend Mir stellen net einfach eng Box an den Eck a fueren erëm. E Gaaschtgeber bleift vum Ufank bis zum Schluss. Hie begréisst Är Gäscht, hëlt och déi Schei virun d'Kamera, passt d'Liicht un a këmmert sech ëm déi ganz Technik. Dir genéisst einfach Ären Dag. Made in Luxembourg Eis Fotoboxen designen a baue mir selwer, hei zu Lëtzebuerg. D'Instabox W aus waarmem Eechenholz passt an all Sall, an déi kompakt Instabox M ass eise stäerkste Modell. A béide stécht eng richteg Canon-Kamera mat Studioliicht amplaz vun engem Tablet. Den Ënnerscheed gesäit een op all Foto. Alles abegraff Onbegrenzt Ofzich a Laborqualitéit, direkt digitalt Deelen, KI-Fotoen an Hannergrondwiessel, Accessoiren, Drocklayout mat Äre Virnimm an Ärem Hochzäitsdatum, Liwwerung, Opbau an Ofbau, an no der Fête eng privat, passwuertgeschützt Online-Galerie. Wouriwwer Är Gäscht nach laang schwätzen Mat KI-Fotoe fannen Är Gäscht sech an engem Mäerchen, an enger wäiter Stad oder am Thema vun Ärer Hochzäit erëm. Mat den onbegrenzten Ofzich pecht jidderee eng Foto mat e puer Wierder an Äert Gäschtebuch. Jore méi spéit ass dat dacks déi Säit, déi een als éischt opschléit. Net déi Bëllegst, a mat Absicht Wann Dir eng Self-Service-Fotobox sicht, déi fir 24 Stonne geliwwert gëtt, si mir wuel net déi richteg Wiel. Wann Dir eng suergfälteg Animatioun wëllt, mat engem richtege Mënsch, dee sech ëm Är Gäscht këmmert, da wäert Dir begeeschtert sinn. Mir sinn iwwerall zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun ënnerwee. Siechzéng Joer professionell Fotografie a bal drësseg Joer Informatik stinn am Déngscht vun engem eenzegen Zil: eng Hochzäit, vun där een nach laang schwätzt.

Premium

Museker oder DJ

zenner events – DJ Ben

5.0 / 5 (42)

Bierden, Ierpeldeng op der Sauer, Luxembourg

Mat zenner events begleet den DJ Ben ären Hochzäitsdag mat engem kloeren Konzept aus Musek, Luucht an Technik, vum Aperitif bis zur leschter Danzronn. Mir stëmmen eis perséinlech mat iech, der Location an äre weidere Déngschtleeschter of, sou datt d'Stëmmung, den Oflaaf an d'Atmosphär harmonesch anenee gräifen. Mir iwwerhuelen d'musekalesch an technesch Planung vun der éischter Ofstëmmung bis zum leschte Song. Ziel ass e entspaanten Verlaf, bei deem all Moment zur richteger Zäit sëtzt, vun der Zeremonie iwwer d'Iessen bis zur Party. Kloeren Sound a stëmmungsvoll Beliichtung, déi sech dem Owendverlaf unpasst: dezent Ambientluuchten beim Dinner, eng Luuchtinszenéierung, déi mat dem Owend wiisst, an kloerenn Sound fir Rieden, Musek a besonnesch Momenter. DJ an Techniker schaffen als eng agespillten Equipe, reagéieren live op Gäscht, Stëmmung an Zäitplang an suergen dofir, datt d'Danzfläch bis spéit an d'Nuecht leeft. Perséinlech geplangt an technesch propper ëmgesat, mat dem Uleies, äre Dag onvergiesslech ze maachen. Wielt aus zousätzlechen Effekter an Extras, fir eenzel Aenbléck nach méi eindrécklech ze gestalten: - Buedemniwwel fir den Erëffnungsdanz - Technik fir Trauungen (Sound fir „Jo“-Wuert) - Premium Fotobox als Erënnerung fir matzehuelen - Fonkeneffekter fir Wow-Momenter - Seefenblosen fir eng romantesch Atmosphär - Konfetti-Shooter als Final fir d'Party - Feierwierk (aktuell nëmmen a Däitschland)

Tipps vu YesToYou

E kreativen Hochzäitsdéngschtleeschter schafft um Laptop

Fir Déngschtleeschter

Op YesToYou gratis opgelëscht ginn

Erreech Koppelen, déi hir Hochzäit zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun plangen, mat engem Profil, deen deng Aarbecht kloer weist.