

Dream Wedding by Mia
Dudelange, Esch-sur-Alzette, Luxembourg
Hi, ech sinn Mia 🤍 Hochzäitsplangerin, Matdenkerin an fir meng Koppelen dacks och déi Persoun, déi hannert den Kulissen ganz vill Fiedem zesummehält. Am Ufank kennt een sech quasi net an ee puer Méint méi spéit schwätzen ech mat iech iwwer Entscheedungen, Wënsch, Onsécherheeten an Saachen, déi iech wierklech wichteg sinn. Genau dofir ass d'Vertrauen fir mech esou e groussen Deel vun der Zesummenaarbecht. Et entsteet mat all Gespréich, mat éierlechen Äntwerten an mam Gefill, datt dir Iech op mech verlossen kënnt. An dobäi laache mir ganz vill 🤭🤍 Well en Hochzäitsplanning däerf professionell, konzentréiert an gutt organiséiert sinn an trotzdem richteg Spaass maachen. Dir beschäftegt iech iwwer vill Méint mat dësem Dag. Dës Zäit gehéiert fir mech grad esou dozou wéi de Hochzäitsdag selwer. Ech wëll net, datt dir emol nëmmen nach denkt: „Wéini ass dëse Planning endlech eriwwer?" Dir däerft och d'Gespréicher, d'Iddien, d'kleng Entscheedungen an d'Virfreed genéissen. Wann dir um Enn net nëmmen op en wonnerbaren Hochzäitsdag zeréckbléckt, awer och soot: „D'Zäit virdru war eigentlech richteg schéin", dann hu mir verdammt vill richteg gemaach 🥹🙏🏻




