

Sina Faber - Styling & Kosmetik
Mertert, Kanton Grevenmacher, Luxembourg
Sina Faber – Styling & Kosmetik Natierlech. Zäitlos. Perséinlech. Fir mech bedeit e perfekt Brautstyling méi wéi nëmmen schéin Hoer an Make‑Up: et geet dorëms, deng natierlech Schéinheet ze ënnersträichenan en Look ze kreéieren, deen zu dengem Look passt an mat deems du dech vum Getting‑Ready bis beim leschten Danz wuel fills. Mäi Prinzip ass e Make‑Up an eng Coiffure, déi den ganzen Dag zouverlässeg hält an dech gläichzäiteg authentesch weist. Zënter 2018 begleeden ech Bräit mat vill Erfahrung, engem feine Bléck fir Detailer an enger roueger, perséinlecher Aart. Ob mobil op der Plaz oder an mengem Kosmetikstudio zu Wasserbillig – mäin Ziel ass et, dir een entspannten Start an en onvergiessleche Dag ze erlaben. Ech bidden personaliséiert Berodung an eng suergfälteg Ausféierung, sou datt däin Hochzäitslook genee zu dir passt.


